De Kino faszinéiert zanter sengen Ufäng! An dësem Atelier entdecken d’Kanner d’Tricken vum Georges Méliès, engem vun de Pionéier vun de Spezialeffekter.
Si experimentéieren mat der Magie vum Schnëtt a vun der Inszenéierung, andeem si hir eege kuerz Tricksequenz dréinen. De fäerdege Film gëtt hinnen duerno geschéckt.